CREW.lu INTERVIEWS
Hei fannt Dir Interviewen a Reportagen vun nationalen an internationalen Evenementer. Dës Rubrik besteet an Zesummenaarbecht mat RTL Télé Lëtzebuerg, déI d'Droits d'Auteuren vun dësen Sujeten hun.
- Deep Purple (Ian Gillan) | Download MP3
Deep Purple waren schon déi drëtten kéier zu Lëtzebuerg, an dat an der Escher Rockhal. De Steve war och um Concert an huet kuerz virdrun mam Sänger vun der Band, dem Ian Gillan, geschwaat.
- Good Charlotte | Download MP3
Déi amerikanesch Punk-Pop Band Good Charlotte war déi éichten kéier zu Lëtzebuerg, an dovun huet de Steve Kugener profitéiert, well hien haat den Joel, de Billy an den Dino virum Mikro.
- Beatsteaks | Download MP3
Déi berliner Rockband war schon déi drëtten kéier hei zu Lëtzebuerg. An de Steve huet sech d'Gelegenheet net huelen geloos sech virum Concert mat hinnen ze ënnerhaalen.
- Taubertal Festival | Download MP3
Vum 10. bis 12. August 2007 ass den Taubertal Open Air. Dëst ass den eenzegen däitschn Festival den all Joër ausverkaaf ass. De Steve Kugener wees wisou, well hien war läscht Joër dabei.
- Christina Stürmer | Download MP3
D'Christina Stürmer war den 31. März 2007 zu Tréier an der Europahalle an de Steve Kugener huet sech virum Concert mat him ënnerhaalen.
- Herbert Grönemeyer | Download MP3
Den Herbert Grönemeyer huet sain neien Album "Zwölf" virgestalt, an de Steve Kugener war op der Release Party zu Köln mat dabei.
- Corey Tailor (Stone Sour) | Download MP3
"Come whatever may" - esou heescht de neien Album vu Stone Sour. Am Kader vun der Promotour waren si och am Atelier an de Hollerecher Stroos an déi Geleegenheet huet de Steve sech net huelen geloos an huet de Frontmannn Corey Tailor virun de Mikro krit.
- Kim Wilde | Download MP3
An den 80er war hat eng Popikon, ma elo ass d'Kim Wilde nees zrëck, an dat mat engem neien Album. De Steve huet mat him iwer fréier an haut geschwaat.
- The Servant | Download MP3
Eng Indie-Rock Band aus England, déi virun allem a Frankräich, an der Belge oder och an Italien Succées huet. Dat sin The Servant. An de Steve huet sech mam Sänger Dan Black ënenrhaalen.
- Farin Urlaub | Download MP3
Bekannt gouf de Farin als Gitarist vun "Die Ärzte". Mëttlerweil huet hien och solo e groussen Succées an begeeschtert mat sengem sarkasteschen Sprëch dausenden Fans.
Esou war et och an der Escher Rockhal, an do war de Steve Kugener virum der Show bei de Farin an d'Loge.
- Eternal Tango | Download MP3
Eternal Tango gin als éischt lëtzeboier Band op de bekannten Newcomer Festival Printemps de Bourges, an an dem Kader hun mir eis mat hinnen ënenrhaalen.
- Rock Am Ring | Download MP3
De gréissten Festival an Eurpa ass de Rock Am Ring. All Joërs sin mir mat dabei, an hei ass een klengen Resumé vum Joër 2006.
- Alice Cooper & Deep Purple | Download MP3
De 14. Februar 2006 waren d'Rocklegenden Alice Cooper an Deep Purple an der Arena zu Tréier. De Stevewar mat dabei an huet sech esouwuel mam Alice Cooper, ewéi och mam Don Arey - Keyboarder vun Deep Purple - ënnerhaalen,