Last played songs
Show:
Chill out Show

Speaker:
Joel aka Bruchi
CD Review
Album Cover

Stone Sour "Comes What (Ever) May"

 

Ween kennt se net...Slipknot! Berühmt berüchtegt duech hier Masken an dem psychopateschem Geblärs vum Corey Taylor. Noom bis elo leschten Album vun Slipknot, "9.0: Live" an der DVD "Voliminal: Inside The Nine" huet den Corey sech erem mat senger aaler Kombo zesummengedoen an en neien Album opgeholl.  

 

Schon 2002 haten Stone Sour den Album "Stone Sour" erausbruet. An 4 Joër drop gouf et also Zeit vir dei zweet Plak mam Numm "Comes What (ever) May". Den Corey huet awer hei probeiert, d`Geblärs op der Seit ze loossen an sech als richtegen Sänger ze étableieren, wat him och definitiv gelongen ass. Den Album fänkt un mat "30/30-150". Eng mélodësch Nummer dei awer en starken Groove huet an esou en perfekten Opener ass, mat deem se e bessen un Soil oder Drowning Pool erënneren. Den Titeltrack "Comes what ever may" bleiwt dem eischten Lidd tréi, obwuel Stone Sour hei e bessen vum Gas gangen sin. Sou eng mélodësch Stëmm hätten wuel vill Leit dem Corey net zougetraut. Mee ereischt bei der eischter Ballad "Sillyworld" werten wuel dei meescht net mei aus dem Staunen komm sin. Stone Sour sin hei baal an de Schnulz erangerooden, kruten awer nach d`Keier an sou kritt dest Lidd an der Mëtt nach richteg Klass. Et fannen sech awer dann och e puer onspektakulär Lidder um Album. "Hell&Consequences" ass eischter onopfälleg an de Chorus bei "Made of Scares" ass schon baal langweileg. Hei hätt et roueg mei Rock an manner Nu Metal kennen sin. Vill besser gedd et dann erem mat "Your God". Dat klengt modern an mat engem interessanten Text.  

 

Iwwerhapt soll een sech all Texter mol gudd duechliesen, well dei sin et dowert geliess ze gin. Sou och bei der nächster roueger Nummer an der eischter Release Single "Trough Glass". Hei klengt den Corey esou guer richteg zerbriechlech. "Socio" weist dann awer erem en aanert Bild, obwuel et nach laang net esou haard gedd, wei den Numm fleit ahnen leisst. "1st Person" ass ähnlech, eng relax Nummer mat vibreirenden Stemmbänner vum Corey an liichtem Nu Metal Sound. "Cardiff" kennt dann mat enger extrem entspaanter Stemmung eriwwer, genee wei dei um Piano begleeten Ballad "Zzyxz Rd." Op all Fall zwou radiotauglesch Nummeren. Ween also lo als Slipknot-Fan mengt, dem Corey Taylor seng zweet Band hätt en ähnlechen Style, deen muss enttäucht gin. Well net Aggressioun an Wut sin hei Themen, mee eischter Melancholie an wann een gudd obpasst esou guer e bessen Optimismus. Trotzdem kann een den Album als gelongen bezeechnen, en ass eng gudd Meschung aus Balladen an Nummeren dei richteg rocken an bidden sou vir baal jidereen eppes!

 

Mandy 

 

Tracklist:

 

1. 30/30-150

2. Come What(Ever) May

3. Hell & Consequences

4. Sillyworld

5. Made Of Scars

6. Reborn

7. Your God

8. Through Glass

9. Socio

10.1st Person

11. Cardiff

12. Zzyxz Rd.